Documents à télécharger

Documents à télécharger  
X
LEAFLET FOR DOWNLOAD
Dépliant à télécharger
Page d'accueil // Formations // FLSHASE // Master en langues, cultures et médias - Lëtzebuerger Studien (académique)

Master en langues, cultures et médias - Lëtzebuerger Studien (académique)

> Sprooch vun de Coursen: Lëtzebuergesch/Français/Deutsch

D’Lëtzebuerger Sprooch, Kultur, Literatur an d‘Medien an hirer Entwécklung an an hirem spezifesche gesellschaftleche Kontext stinn am Zentrum vun dësem Masterstudiegang.

De Master ass innovativ a senger Perspektiv,

  • déi d’Lëtzebuerger Sprooch a Kultur an de méisproochegen a multikulturelle Kontext vum Land abett,
  • déi berücksichtegt, wéi Kultur zu Lëtzebuerg duerch d’Medie wéi Film, Press, Tëlee oder Radio konstruéiert a reflektéiert gëtt

Learning Outcomes

Envisagéiert ass d’Ausbildung vun Experten, déi net op eng Disziplin fixéiert bleiwen, mee interdisziplinäert Wëssen a Kompetenzen an de Gebidder vun der Lëtzebuerger Sprooch, der Kultur an de Medie matbréngen an och an der Beruffswelt uwenne kënnen. Ziler bis d’Enn vum Studium sinn deemno:

  • verdéifte Kenntnisser an deene genannte Beräicher a Fächer
  • en Abléck an déi wichtegst Methoden an Instrumenter vun de Sprooch- a Kulturwëssenschaften
  • d’Kompetenz, spezifesch lëtzebuergesch Charakteristiken identifizéieren an ënnerscheeden ze kënnen, esouwéi den Afloss vun anere Kulturen zu Lëtzebuerg analyséieren an an der Perspektiv vun der Groussregioun, vun Europa an der Welt evaluieren a vergläichen ze kënnen
  • d’Fäegkeet, kritesch ze urteelen esouwéi eegestänneg a wëssenschaftlech ze schaffen
  • d’Kompetenz, d’Wëssen iwwert déi lëtzebuergesch Sprooch, Literatur a Kultur weiderzeginn

Berufflech Perspektiven

  • Professer fir d’Lëtzebuergescht am Enseignement Secondaire an am Enseignement Secondaire Technique (am Kader vum Gesetz vum 22. Mee 2009 iwwert 'b) de la fonction de professeur de langue luxembourgeoise' (Art. 12))
  • Recherche (Doktorat)
  • Politesch a kulturell Institutiounen
  • Redaktioun a Lektorat an den Editiouns- a Pressenhaiser, Theateraarbecht a -kritik

Directeur d'études

Peter Gilles

Contact

Pedro Mendes Tavares

Programme en un coup d'oeil

  • Plein-temps: 4 Semester / Mi-temps: 8 Semester
  • 200 euros/Semester
  • Langues d'enseignement: Lëtzebuergesch/Français/Deutsch
  • Max. u Kandidaten: 20