Formation continue "Lëtzebuerger Sprooch a Kultur"
Programm
Déi inhaltlech Schwéierpunkte leien op linguisteschen, didaktesch-methodeschen a kultur-, literatur- a mediewëssenschaftlechen Aspekter, déi an dräi Moduler organiséiert sinn. Déi eenzel Coursë ginn duerch en Examen ofgeschloss.
| Semester |
Nr. |
Module |
Cours |
| 1 |
1 |
Sproochstruktur |
Grondlage vun der lëtzebuergescher Sproochstruktur |
| 2 |
Friemsproochendidaktik |
Blockseminären a Praxisworkshop |
|
| 3 |
Kultur/Literatur/Medien |
Seminär iwwert d’lëtzebuergesch Kultur, Literatur a Medien |
|
| 2 |
1 |
Sproochstruktur |
Verdéiwung a Projeten |
| 2 |
Friemsproochendidaktik |
Blockseminären a Praxisworkshop |
|
| 3 |
Kultur/Literatur/Medien |
Seminär iwwert d’lëtzebuergesch Kultur, Literatur a Medien |
Module 1 ‚Sproochstruktur’
An deem heite Module gi linguistesch Grondlage fir d’Lëtzebuergescht erschafft. Nieft der Beschäftegung mat de sproochleche Strukture (Phonetik/Phonologie, Schreifweis, Morphologie, Sazbau) steet och dat konkret Erschaffe vun Aarbechtsmaterial am Vierdergrond. Parallel dozou ginn e-Learning-Aktivitéiten ugebueden, an deenen d’Studenten Aufgabe léisen an hire Wëssensstand selbststänneg kënnen erweideren.
Module 2 ‚Friemsproochendidaktik’
Hei gi friemsproochendidaktesch Theorien a Methoden enseignéiert, déi fir den Erwuessenenunterrecht relevant sinn. Dëse Module leeft iwwer 2 Semesteren a gëtt a Form vu Blockseminären ofgehalen (pro Semester 4 Blockseminäre à fënnef Stonnen). D’Studente schaffen am Laf vum Semester u Projeten, déi si dann am leschte Blockseminär virstellen.
Module 3 ‚Kultur/Literatur/ Medien’
Dëse Module konzentréiert sech op kulturwëssenschaftlech Aspekter am wäitste Sënn, déi fir dat alldeeglecht Liewen an der Lëtzebuerger Sproochgemeinschaft relevant sinn. D’Beschäftegung mat Literatur a Medien erfollegt ënnert anerem och mat dem Zil, Materialie fir d’Coursen ze beschafen.
___
Stonneplang
D'Coursë sinn ëmmer freides an daueren tëschent 4 a 6 Stonnen (Volume insgesamt 120 Stonnen). Mëtt September fänken d'Coursë vum Wantersemester un.
(aktualiséiert 30.06.2011, cb)
1. Semester
- 23.09.2011
- 30.09.2011
- 07.10.2011
- 14.10.2011
- 21.10.2011
- 28.10.2011
- 04.11.2011
- 11.11.2011
- 18.11.2011
- 25.11.2011
- 02.12.2011
- 09.12.2011
- 16.12.2011
- 19.12.2011-31.12.2011: Chrëschtvakanz
- Januar 2012: Examen
2. Semester
- 24.02.2012
- 02.03.2012
- 09.03.2012
- 16.03.2012
- 23.03.2012
- 30.03.2012
- 06.04.2012: Ouschtervakanz
- 13.04.2012
- 20.04.2012
- 27.04.2012
- 04.05.2012
- 11.05.2012
- 18.05.2012
- 25.05.2012
Lescht Aktualiséierung: 30.06.2011, cb (Changementer virbehalen)








